Thyone (Mound)

Jupitermound


De Mound Thyone (oder Jupiter XXIX) ass ee vun de klengste baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Thyone
(Jupiter XXIX)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2001 J 2
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 20.940.000 km
Periapsis 16.144.800 km
Apoapsis 25.735.300 km
Exzentrizitéit 0,229
Ëmlafzäit 627,3 Deeg
Ëmlafvitess 2,43 km/s
Inklinatioun 148,5°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 4 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 22,3
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 11. Dezember 2001

Entdeckung änneren

Den Thyone gouf den 11. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank d'Bezeechnung S/2001 J 2 a säin aktuellen Numm huet e vun der Thyone, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie.

Bunndaten änneren

Den Thyone kreest a 627 Deeg a 7 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 20.940.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,229. Mat enger Inklinatioun vun 148,5° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Thyone zu der Ananke-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Ananke.

Physikalesch Daten änneren

Den Thyone huet e mëttleren Duerchmiesser vun ongeféier 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass méiglecherweis haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Thyone huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,3m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren