Thomm ass eng däitsch Uertschaftsgemeng bei Tréier, a läit bei der Bundesstrooss 52 op hallwer Streck tëscht Tréier an Hermeskeil.

Thomm
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Tréier-Saarburg
Verbandsgemeng Ruwer
Awunner 1.073 (31. Dezember 2023)
Fläch 449 ha
Héicht 462 m
Koordinaten 49°44'10"N, 6°48'0"O
Telefonszon 06500
Postcode 54317
Websäit http://www.thomm-online.de

Se gehéiert zu der Verbandsgemeng Ruwer am Landkrees Tréier-Saarburg am Bundesland Rheinland-Pfalz.

1.053 Awunner (Stand: 2004) liewen op enger Fläch vu 4,49 km². De Postcode vun Thomm ass: 54317.

Geographesches

änneren

Thomm läit op enger Héicht vu 450 Meter.

Kuckeswäertes

änneren
  • Den Hinkelstein, e Menhir aus wäissem Quaarz, deen 2 m aus dem Buedem eraussteet.[1]
  • Den Thommer Hübel (Hübel = Hiwwel), e fréigeschichtlechen Tumulus, deen 2,50 m héich ass an en Duerchmiesser vu 25 m huet. Dëst Graf vun engem fréikelteschen Adelegen ass 1939 ausgegruewe ginn. D'Grafkummer war awer schonn zerstéiert an ausgeraibert ginn; e puer interessant Saache konnten trotzdeem fonnt ginn, z. B. Reschter vun enger etruskescher Schniewelkan an Deeler vun zwéi Bronzekëmp (dt.: Bronzebecken).[2] Den Numm vun der Uertschaft léisst sech op dat laténgescht Wuert tumulus (Graf, Grafhiwwel) zeréckféieren.[3]

Um Spaweck

änneren
Commons: Thomm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Touristinformation Ruwer: Hinkelstein bei Thomm (Menhir). Archivéiert de(n) 17.06.2015. Gekuckt de(n) 19.09.2010.
  2. Touristinformation Ruwer: Das Fürstengrab von Thomm. Archivéiert de(n) 17.06.2015. Gekuckt de(n) 19.09.2010.
  3. Cf. Anen, P., 1945. Luxemburgs Flurnamen und Flurgeschichte. Luxemburg, Sankt Paulus Druckerei, S. 65: "Tumulus, tumba und die Abwandlungen Thomm, Tomm, Thonn u. a. bezeichnen Grabstätten, vielfach aus der Frühgeschichte."