Den Thomas Hobbes ([ hɔbz ]), gebuer de 5. Abrëll 1588 zu Westport, am Wiltshire, a gestuerwen de 4. Dezember 1679 zu Hardwick Hall, am Derbyshire, war en englesche Mathematiker, Staatstheoreetiker a Philosoph.

Thomas Hobbes
Gebuer 5. Abrëll 1588
Gestuerwen 4. Dezember 1679
Derbyshire
Nationalitéit Kinnekräich England
Educatioun Magdalen College,
University of Oxford
Aktivitéit Politolog, Mathematiker, Philosoph, Ekonomist, Politiker, Historiker, Iwwersetzer, Schrëftsteller

Hie gouf bekannt duerch säin Haaptwierk Leviathan, an deem en eng Theorie vum "Absolutismus" entwéckelt huet. Den Hobbes gëllt als Concepteur vum "Opgekläerten Absolutismus".

Nieft dem John Locke an dem Jean-Jacques Rousseau ass hien och ee vun de bedeitendsten Theoreetiker vum Gesellschaftsvertrag.

Den Hobbes huet zu der Zäit vum englesche Biergerkrich gelieft, deen vu Reliounskricher, an dem Kampf ëm d'Muecht tëscht Monarchie, Landadel, Klerus a Biergertum charakteriséiert war.

Seng Haaptthese besteet dodran, datt e souveränen Herrscher déi absolut Gewalt soll iwwerdroe kréien, well am "Naturzoustand" en egoistesche„Krich vu jidderengem géint jiddereen“ (bellum omnium contra omnes) fir u Räichtum a Reputatioun bestoe géif. Dëse kéint nëmmen duerch d'Angscht virun enger Strof duerch déi iwwermächteg Gewalt verhënnert ginn. An engem Vertrag sollen deemno déi eenzel Leit hir natierlech Rechter op eng zentral Gewalt iwwerdroen, déi am komplettsten duerch eng Persoun, den absolutten Herrscher, representéiert géif.

Hien huet sech och fir Naturwëssenschaften a Mathematik intresséiert, an doriwwer geschriwwen.

Wierker änneren

Literatur änneren

  • Georg Geismann, Karlfriedrich Herb (Hrsg.): Hobbes über die Freiheit. Königshausen & Neumann, Würzburg 1988, ISBN 3-88479-337-3.
  • Jean Hampton: Hobbes and the Social Contract Tradition. Cambridge University Press, Cambridge 1988, ISBN 0-521-36827-8.
  • Otfried Höffe: Thomas Hobbes (= Beck'sche Reihe Denker. Bd. 580). Beck, München 2010, ISBN 978-3-406-60021-0.
  • Dieter Hüning: Freiheit und Herrschaft in der Rechtsphilosophie des Thomas Hobbes. Duncker & Humblot, Berlin 1998, ISBN 3-428-09046-2.
  • Wolfgang Kersting: Thomas Hobbes zur Einführung. 4., aktualisierte Auflage. Junius, Hamburg 2009, ISBN 978-3-88506-673-6.
  • Herfried Münkler: Thomas Hobbes (Campus-Einführungen). Campus, Frankfurt am Main u. a. 2001, ISBN 3-593-36831-5.
  • Carl Schmitt: Der Leviathan in der Staatslehre des Thomas Hobbes. Sinn und Fehlschlag eines politischen Symbols. Hanseatische Verlagsanstalt, Hamburg 1938.
  • Peter Schröder: Hobbes (Grundwissen Philosophie). Reclam, Stuttgart 2012, ISBN 978-3-15-020271-5.
  • Quentin Skinner: Hobbes and Republican Liberty, op Däitsch: Freiheit und Pflicht. Thomas Hobbes' politische Theorie. Frankfurter Adorno-Vorlesungen 2005. Suhrkamp, Frankfurt am Main 2008, ISBN 978-3-518-58498-9.
  • Leo Strauss: The Political Philosophy of Hobbes. Its Basis and Its Genesis. Clarendon Press, Oxford 1936.
  • Ferdinand Tönnies: Thomas Hobbes, der Mann und der Denker. Frommann, Stuttgart [1896, ²1910] (erw.) ³1924, Faksimile 1971.
  • Richard Tuck: Hobbes (= Herder Spektrum. Meisterdenker. Bd. 4742). Herder, Freiburg im Breisgau 2004, ISBN 3-926642-41-6.

Um Spaweck änneren

Commons: Thomas Hobbes – Biller, Videoen oder Audiodateien