Den Thomas David Anderson, gebuer de 6. Februar 1853 zu Edinburgh a gestuerwen den 31. Mäerz 1932 war e schotteschen Amateurastronom.

Thomas David Anderson
Gebuer 6. Februar 1853
Edinburgh
Gestuerwen 31. Mäerz 1932
Educatioun Universitéit vun Edinburgh
Aktivitéit Astronom

Wéi hie fënnef Joer al war, hat him säi Papp de Koméit Donati gewisen a säi Kannermeedchen hat bei him den Interessi un der Astronomie waakreg gemaach.

Den Anderson hat Theologie studéiert an am Joer 1880 a Philologie promovéiert. Hien hat d'Astronomie awer net aus dem Bléck verluer. Hie gouf e schaarfen Observateur an hat zwou Novaen entdeckt: eng Nova am Stärebild Auriga am Joer 1892 an d'Nova Persei vun 1901.

Den Anderson huet eege Stärekaarte gemaach an hat 53 verännerlech Stären entdeckt. Deen éischte war de V Cassiopeiae am Joer 1893.

Fir seng Entdeckunge krut hien am Joer 1902 d'Jackson-Gwilt-Medail vun der Royal Astronomical Society iwwerreecht.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren