D'Thillenvogtei ass en aktive Musée fir d'Liewen um Duerf ëm 1900. De Musée ass 1991 op engem ale Bauerenhaff zu Wal entstanen, gouf awer 2015 op e Bauerenhaff zu Randschelt transferéiert. E gouf uganks vun der Famill Ney bedriwwen, d'Gerance gouf 2020 vun der Asbl Thillenvogtei iwwerholl[1].

Thillenvogtei
Land Lëtzebuerg
Gemeng Groussbus-Wal
Plaz Randschelt
Koordinaten 49° 50’ 58.9’’ N
      05° 54’ 0.3’’ O

Den Haff zu Randschelt gouf den 11. Oktober 2018 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen[2].

Geschicht änneren

De Jean Ney hat säi ganz Liewe laang en Hang fir aalt Material an Handwierksgeschier vu fréier ze sammelen, dat vill Leit net méi brauche konnten a frou ware fir een ze fannen deen hinnen et ofgeholl huet. Well en och an de Scheiere vum Bauerenhaff vu sengen Elteren d'Plaz dofir hat, koum vun den 1960er Joren un am Laf vun der Zäit ganz vill zesummen. Enn vun den 1980er Jore hat en d'Requisite vu 40 bal oder ganz ausgestuerwene Beruffer an der Sammlung. E Musée hat en eigentlech net virgesinn, awer déi Responsabel vum Naturpark Uewersauer, déi no Touristenattraktioune gesicht hunn, konnten hien am Summer 1991 iwwerzeege fir e Musée opzemaachen.

Den Numm vum Musée koum duerch en Zoufall zustan. Um ieweschte Späicher vum Bauerenhaff waren al Akte fonnt ginn, a wéi déi entziffert waren huet sech erausgestallt, datt d'Haus an engem Dokument vu 1688 Thielen Vogtey genannt gouf[3]. Domat war den Numm fir de Musée fonnt.

De Musée gouf am Juli 2015 op de fréieren Haff Grisius zu Randschelt transferéiert, deen de Jean Ney fir seng Duechter kaaft hat an déi de Musée do weiderféiere wëll.

D'Visitte vum Musée an d'Locatioun vun der Scheier fir Feierlechkeete ginn net duer fir dat Ganzt ze finanzéieren, sou datt en Accord mat der Œuvre Grande-Duchesse Charlotte fonnt gouf, déi de Musée emol bis 2023 ënnerstëtzt[1].

2021 huet d'Famill Ney entscheet, d'Gebai un d'Gemeng wëllen ze verkafen, déi am Dezember 2022 hiren Accord ginn huet, woubäi d'Generaldirektioun fir Tourismus d'Hallschecht vum Kafpräis iwwerhuel wéilt. Och tëscht der Bedreiwer-Asbl Musée Thillenvogtei Randscheltan dem Kulturministère gouf 2023 en Accord fonnt, fir sech un de Betribskäschte vun der Thillevogtei ze bedeelegen.[4]

Ausstellung an Aktivitéiten änneren

De Musée adresséiert sech virun allem u Gruppe vu Leit, besonnesch och Schoulklassen, déi do e flotten Dag verbrénge wëllen. Et kann een nämlech vill Aktivitéiten, déi d'Leit fréier am Haus, an der Landwirtschaft oder am Handwierk gemaach hu, selwer ausprobéieren, mat deem Material an Handwierksgeschier dat deemools am Gebrauch war.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Thillenvogtei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Randschelt: Wéi geet et weider mam Musée Thillenvogtei?. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-09-13.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. Dokument vu 1688 wourop den Numm Thielen Vogtey ze fannen ass op der Websäit vum Musée
  4. Nadine Schartz: "Die Thillenvogtei in Rindschleiden soll ausgebaut werden." wort.lu [w+], 07.05.2023.