The Wall (Film 2023)

Film vum Philippe Van Leeuw (2023)

The Wall ass e Film vum belsche Regisseur Philippe Van Leeuw aus dem Joer 2023. En hat seng Première de 4. Juli 2023 um Brussels International Film Festival a koum de 27. September 2023 an der Belsch an de Kino.

The Wall
Film
Produktiounsland Belsch
Dänemark
 USA
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2022
Première 2023
Dauer 96 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Philippe Van Leeuw
Dréibuch Philippe Van Leeuw
Fotografie Joachim Philippe
Musek Lio Vancauwenberge
Schnëtt Gladys Joujou
Produzent Guillaume Malandrin, Tomas Leyers, Maria Møller Christoffersen, Gilles Chanial, Vicky Westover, Justin Kreinbrink
Produktiouns-
gesellschaft
Altitude 100 Production, Minds Meet, Beofilm, Les Films Fauves, A Street Productions, Monsoon
Schauspiller
Vicky Krieps
Mike Wilson
Haydn Winston
Simon Sears
Marla Robinson
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Jessica Comley ass eng amerikanesch Grenzschutz-Agentin, déi zu Tucson, am Arizona, stationéiert ass. Si ass engagéiert a schafft mat vollem Asaz, fir déi US-amerikanesch-mexikanesch Grenz ze bewaachen, an enger Wüstegéigend, wou Drogeschmuggler an illegal Immigranten hiert Gléck probéieren, eriwwerzekommen. Bei engem Asaz erschéisst si eng Persoun. Hiren Aarbechtskolleeg proposéiert, et als en Accident duerzestellen. Ma en eelere Mann a säin Enkel, vun engem indigeene Vollek, sinn Zeie vun deem, wat geschitt ass...[1]

Produktioun änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Dréiaarbechten hunn am November 2021 ugefaangen.[2]

D'Produktioun gouf mat 771.472 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt.[3]

Accueil änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Fiche op cineuropa.org,
  2. "Philippe Van Leeuw brings Vicky Krieps to Arizona in The Wall". cineuropa.org, 27.10.2023.
  3. Fonds national de soutien à la production audiovisuelle: Rapport annuel 2020, S.17, op Filmfund.lu; nogekuckt: 2023-06-19.