The Verve ass eng englesch Band vu Wigan am Greater Manchester. Si zielt zu de bedeitendste Vertrieder vum Britpop aus den 1990er Joren.

The Verve 2008 am New Yorker Madison Square Garden.

Si gouf weltwäit mam Song Bitter Sweet Symphony, aus dem Joer 1997, bekannt.

Bandmemberen änneren

  • Richard Ashcroft: Gesang, Gittar
  • Nick McCabe: Leadgittar, Synthesizer
  • Simon Jones: Bass
  • Peter Salisbury: Batterie

Ufanks housch se just Verve. Fir net mam Plackelabel Verve Records verwiesselt ze ginn, hunn d'Memberen decidéiert, e bestëmmten Artikel virun den Numm ze setzen.