The Runway
The Runway ass e Film vum iresche Regisseur Ian Power.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Irland Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2010 |
Première | 2010 |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Ian Power |
Dréibuch | Ian Power |
Fotografie | P. J. Dillon |
Musek | Gast Waltzing |
Produzent |
Fastnet Films Lucil Film Poderosa Pictures |
Schauspiller | |
Demian Bichir Kerry Condon James Cosmo Mark Doherty Claire Johnston Nilton Martins Bruno Bichir | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Film erzielt d'Geschicht vum Ernesto, engem südamerikanesche Pilot, deen 1983 bei engem klengen Duerf bei Cork, an Irland, eng Noutlandung muss maachen. D'Awunner hëllefen him nees fortzekommen andeems se him eng Pist amenagéieren...
Soss
ännerenDe Film baséiert op enger richteger Geschicht. En Deel vun de Bannenopname gouf zu Lëtzebuerg gedréint.
Geschichtlechen Hannergrond
ännerenDen 18. Abrëll 1983 hat eng mexikanesch Grumman Gulfstream II um Hippodrom vu Mallow an der Grofschaft Cork eng 35 Kilometer nërdlech vu Cork eng Noutlandung gemaach. De Fluchkapitain war de Reuben Ocaña. Op Käschte vun der Versécherungsgesellschaft gouf eng 900 Meter laang provisoresch Tarmacspist gebaut, fir datt de Fliger nees konnt weiderfléien.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Fiche op cna.public.lu (gekuckt 2013-12-23).