The Rocks

deen eelsten Deel vu Sydney

The Rocks läit am westlechen Enn vum Circular Quai an ass deen eelsten Deel vu Sydney.

En aalt Gebai (Hotel Holiday Inn) aus dem Staddeel 'The Rock' vu Sydney.

1788 hunn déi englesch Prisonéier, déi an Australien vum Schëff gaange sinn, déi éischt Bauten ob dem fielsegen Ënnergrond opgeriicht. D'Gebaier aus Sandsteen aus dem 19. Joerhonnert sollten an de 70er Joren ofgerappt gi fir nei Gebaier opzeriichten. D'Gewerkschaft vun de Bauaarbechter huet sech awer gewiert an elo stinn d'Rocks ënner Denkmalschutz.

Dëst Véirel ass elo ganz touristesch orientéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: The Rocks, New South Wales – Biller, Videoen oder Audiodateien