The Phantom of the Opera (Film 1925)

The Phantom of the Opera ass en US-amerikanesche Stomm- an Horrorfilm vum Rupert Julian aus dem Joer 1925 nom Roman Le Fantôme de l'Opéra vum Gaston Leroux.

The Phantom of the Opera
Plakat vum Film (1925)
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1925
Première 1925
Dauer 106 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 1,33:1 -
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Rupert Julian
Dréibuch Walter Anthony
Elliott J. Clawson
no engem Roman vum
Gaston Leroux
Fotografie Milton Bridenbecker
Virgil Miller
Charles Van Enger
Musek Joseph Carl Breil
Schnëtt Edward Curtiss
Maurice Pivar
Dekoren Ben Carré
Produzent Carl Laemmle
Universal Pictures
Produktiouns-
gesellschaft
Universal Studios
Schauspiller
Lon Chaney als Erik
Mary Philbin als Christine Daae
Norman Kerry als Vicomte Raoul de Chagny
Gibson Gowland als Simon Buquet
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Den Erik, hallef geckeg vun der Gesellschaft ausgeschloss, lieft am Ënnergrond vun der Paräisser Oper. Hien huet sech an d'Christine eng vun de Sängerinne verléift an hien erpresst den Direkter vun der Oper fir hir eng Haaptroll ze ginn. Wéi dat net geschitt léisst hien de grousse Lüster aus der Oper op d'Zuschauer falen...

Soss änneren

Fir de Film hunn e puer Komponiste wéi Sam Perry (1929), Gabriel Thibaudeau a Rick Wakeman (1990), Roy Budd (1993) souwéi de Carl Davis (1996) d'Musek geschriwwen.

Am Februar 2015 war de Film mat dem Carl Davis senger Kompositioun, gespillt vum Orchestre Philharmonique de Luxembourg ënner der Direktioun vum Komponist, an der Philharmonie zu Lëtzebuerg ze gesinn

 
De Lon Chaney sen. als Erik

Um Spaweck änneren