Den Théophile Becker, gebuer den 21. September 1906, zu Wal a gestuerwen de 4. Mee oder 14. Juli 1942[1], war e lëtzebuergesche Paschtouer a Resistenzler.

Théophile Becker
Gebuer 21. September 1906
Gestuerwen 1942
Nationalitéit Lëtzebuerg

Den Théophile Becker hat säi Secondaire am Dikrecher Kolléisch gemaach, an duerno huet hie säi Studium um Stater Seminaire gemaach. Hie gouf 1931 zum Geeschtleche geweit, a war duerno Kaploun zu Schëffleng a Präiteler, a Paschtouer zu Féngeg.

Am September 1941 gouf hie vun der Gestapo verhaft, an op Hinzert, an duerno an d'KZ-Dachau verschleeft, wou hien an der Gaskummer ëmbruecht gouf.

Referenzen änneren

  1. Dës zwou Säite ginn déi zwéin Datumen un: http://www.praats.be/livredorluxemburg.htm an https://web.archive.org/web/20100224071723/http://www.praats.be/gefusilleerdenpriestersac.htm