Den Théid Faber, gebuer den 12. September 1950 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Biolog a Professer.

Théid Faber
Gebuer 12. September 1950
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Biolog, Professer

Bekannt ass den Théid Faber virun allem als fréiere President vum Mouvement écologique an am Allgemenge fir säin Asaz am Beräich vum Natur- an Ëmweltschutz respektiv der Ëmweltpolitik zu Lëtzebuerg.

No senger Première am Dikrecher Kolléisch (1969) huet hie Biologie um Cours universitaires zu Lëtzebuerg (1969-1970) an duerno op der Université Louis-Pasteur zu Stroossbuerg (1970-1973) studéiert, wou hie mat enger Maîtrise de biologie ofgeschloss huet.

Säi Stage pédagogique (1973-1976) huet hien am Dikrecher Kolléisch gemaach. Theema vu sengem wëssenschaftleche Mémoire war d'Planzewelt aus de Fiichtgebidder zu Lëtzebuerg.[1]

No sengem Stage huet den Théid Faber um Institut pédagogique (duerno ISERP) zu Walfer enseignéiert (1976-2003). Hien huet matgehollef de Service éducatif vum Naturhistoresche Musée opzebauen an och den Ekologeschen Zenter vun Huelmes. Hien ass ee vun de Grënner vun der ABIOL.

Um pedagogesche Plang war hie Responsable vun enger Aarbechtsgrupp, déi am Optrag vum Erzéiungsministère Handbicher an didaktescht Material fir Enseignanten, a Kannerbicher ausgeschafft huet, fir den "Eveil aux sciences" an de Lëtzebuerg Primärschoulen anzeféieren.

Nom Iwwerhuele vum ISERP duerch d'Universitéit Lëtzebuerg gouf hien 2004 Ass.-Professeur an den Erzéiungswëssenschaften (sciences de l'éducation), wou hie virun allem zoustänneg ass fir d'Ausbildung an d'Weiderbildung vun de Schoulmeeschteren am Beräich vum Éveil aux sciences an der Bildung fir nohalteg Entwécklung.

Vun 1973 bis 2003 war den Théid Faber President vu Jeunes et environnement an duerno vum Mouvement écologique (deen aus Jeunes et environnement ervirgaangen ass). Vun 2004 un ass hie President vum OekoZenter Lëtzebuerg asbl, enger Initiativ vum Mouvement écologique an der Stëftung ÖkoFonds.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. * Faber, T.Contribution à l'étude phytosociologique et à la protection des biotopes humides au Grand-Duché de Luxembourg. Mémoire d'aspirant-professeur au Lycée classique de Diekirch, Luxembourg, 1975 (236 S.)