Terre-de-Bancalié
franséisch Gemeng
Terre-de-Bancalié (op Okzitanesch: Tèrra de Bancaliá) ass zanter dem 1. Januar 2019 eng Nei Gemeng am Departement Tarn an der Regioun Occitanie.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() Am Zentrum vu Roumégoux | |||||
Land | ![]() | ||||
Regioun | ![]() | ||||
Departement | ![]() | ||||
Arrondissement | Albi | ||||
Kanton | Haut Dadou | ||||
Postcode | 81120 | ||||
Gemengecode | 81233 | ||||
Koordinaten | 43° 54’ 27’’ N 02° 16’ 26’’ O | ||||
Haaptuert | Roumégoux | ||||
Fläch | 8 414 ha | ||||
Bevëlkerung | 1 696 (2016) |
Déi nei Gemeng ass bei der Fusioun vun de fréiere Gemenge Roumégoux, Ronel, Terre-Clapier, Le Travet, Saint-Antonin-de-Lacalm a Saint-Lieux-Lafenasse, entstanen.
De Sëtz vun der Gemeng ass zu Roumégoux.
Déi fréier Gemenge funktionéieren als Delegéiert Gemengen an der neier territorialer Entitéit.
Hydrographie Änneren
- De Lézert en Niewefloss vum Dadou dee seng Quell an der Nopeschgemeng Teillet huet leeft quessch vun Norden no Süden duerch d'Gemeng a fiddert de Séi vu Bancalié.
- Den Assou och en Niewefloss vum Dadou mécht am Norden d'Grenz mat der Gemeng Mouzieys-Teulet.
Kuckeswäertes Änneren
- De Barrage vu Bancalié mat dem Séi
- D'Kapell Notre-Dame de la Brune zu Roumégoux
- D'Kierch Saint-Martial vu Ronel
Kuckt och Änneren
- Departement Tarn
- Arrondissementer am Departement Tarn
- Kantonen am Departement Tarn
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Tarn
Um Spaweck Änneren
Commons: Terre-de-Bancalié – Biller, Videoen oder Audiodateien |