Telekonverter
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Telekonverter ass e Lënsesystem fir Fotoobjektiver, deen dozou déngt, d'Brennwäit vun engem Objektiv ze vergréisseren.
Stäerkten
ännerenTelekonvertere gëtt et tëscht 1,4- an 3-mol Vergréisserung. Déi Zuele ginn un, wéi villmol d'Brennwäit duerch de Konverter méi grouss gëtt. Mat engem 2×-Konverter léisst sech sou e 50 mm Objektiv op 100 mm "vergréisseren".
Telekonvertere bei Spigelreflex-Apparater
ännerenBei Spigelreflex-Fotoapparater gëtt den Telekonverter tëscht de Boitier an d'Objektiv geschrauft.
Telekonvertere bei Fotoapparater mat fest agebauten Objektiver
ännerenA deem Fall léisst sech de Liichtstralegank net änneren, nodeem en d'Objektiv passéiert huet. Dofir gëtt et Lënsesystemer, déi virum Objektiv ugemaach ginn, sief et duerch e Klameresystem oder, bei méi deieren, duerch e Bajonettgewënn, wéi bei der Canon PowerShot G7, dat et erlaabt, déi Zousazlëns riicht ze halen.