Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Teatro Amazonas ass en Operenhaus zu Manaus, Brasilien. Den 31. Dezember 1896 ageweit, gouf et aus de Recetten vum Gummisboom finanzéiert. Et ass eent vun de bekanntsten Operenhaiser vun der Welt.

Den Teatro Amazonas zu Manaus
Teatro Amazonas an der Nuecht

Geschicht an Architektur änneren

D'Geschicht vun dësem Operenhaus huet ugefaangen, wéi den A. J. Fernandes Júnior säi Projet 1881 virgestallt huet. Dëst architektonescht Wierk gouf vun 1883 un vum Gabinete Português de Engenharia e Arqitetura de Lisboa realiséiert. Architekten, Baumeeschteren, Moler a Kënstler aus ganz Europa hunn zur Realisatioun bäigedroen. De Brasilianer Crispim do Amaral vu Pernambuco, deen zu Paräis gelieft huet, war säi Bannenarchitekt an den Italieener Enrico Mazolani war mat der Architektur bausse befaasst. D'Oper gouf den 31. Dezember 1896 ageweit; déi éischt Oper,(„La Gioconda“ vum Amilcare Ponchielli. gouf de 7. Januar 1897 als Premiere opgefouert.

Wéinst der Baisse vum Cours vum Gummi huet d'Oper schonn 1907 misse provisoresch zoumaachen. De klimateschen Afloss vun der Amazonegéigend huet doriwwer eraus Restauratiounsaarbechten noutwendeg gemaach. No méi wéi aacht Joerzéngte Rou konnt d'Oper schliisslech de 17. Mäerz 1990 mam Plácido Domingo an dem Marcia Haydée seng Reouverture feieren.

Croisièren, déi zu Manaus virun Anker ginn, hu gewéinlech e Besuch vun dëser aussergewéinlecher Oper op hirem Programm.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren