Take That ass eng brittesch Popband. Si besteet aus de Membere Gary Barlow, Mark Owen, Howard Donald, Jason Orange a Robbie Williams.

Cover vum Album "Everything Changes" (1993)

1990 gouf d'Grupp no enger Zeitungsannonce an enger Zort Casting vum Manager Nigel Martin Smith gegrënnt. An de Joren duerno ass ze zu enger vun den erfollegräichsten Teenie-Boygroups avancéiert, mat als gréissten Hits "Pray", "Babe" a "Back For Good". Wéinst Differenzen tëscht dem Gary Barlow, dee sech als musikalesche Kapp vun der Grupp gesinn huet, an dem Robbie Williams, ass dee leschtgenannten 1995 ausgetratt. Wéi d'Grupp sech 1996 ganz opgeléist huet, si virun allem vill jonk weiblech Fans a Kräischhysterie verfall.

De Robbie Williams huet duerno eng ganz erfollegräich Solocarrière gestart. De Gary Barlow an de Mark Owen hu sech och solo versicht, mä de grousse Succès ass bei hinnen ausbliwwen. Den Howard Donald huet seng Breidercher nees als Club-DJ verdéngt an de Jason Orange ass Schauspiller op englesche Klengkonschtbüne ginn.

2005 huet d'Grupp nees nei zueneefonnt, bis op de Robbie Williams, deen eréischt 2010 erëm dozougestouss ass. Hire Comeback konnte se 2006 mat hirer éischter neier Nummer Eent Single "Patience" als uganks gelonge bezeechnen. En neien Album gëtt eventuell scho fir Enn 2010 erwaart.

Discographie (Studiosalbumen) änneren

  • 1992 Take That and Party
  • 1993 Everything Changes
  • 1995 Nobody Else
  • 2006 Beautiful World
  • 2008 The Circus

Um Spaweck änneren

Commons: Take That – Biller, Videoen oder Audiodateien