Tacuarembó ass d'Haaptstad vum Departement Tacuarembó an Uruguay.

Si ass de 27. Januar 1832 ënner dem Numm San Fructuoso vum Colonel Bernadé Rivera op Uerder vum Generol Fructuoso Rivera, deen deemools President vun der Republik war, gegrënnt ginn.

De 17. Juni 1912 ass San Fructuoso ëmbenannt ginn an heescht vun do un Tacuarembó, grad wéi och d'Departement.