D'Tabula Peutingeriana, ass eng Kaart, déi dat réimescht Stroossennetz (viae publicae) am spéitréimesche Räich vun de Britteschen Inselen iwwer de Mëttelmierraum an den Noen Osten bis an Indien an Zentralasien weist. D'Stroossekart gouf nom Konrad Peutinger (1465–1547) genannt a gehéiert zu der UNESCO-Weltdokumentenierfschaft.

Extrait: D'Südspëtzt vun Italie mat Sizilien.

Se gouf am spéiden 12. Joerhonnert gemaach, an hat eng Virlag aus der Karolengerzäit, déi hirersäits op e spéitréimescht Original (ca. 375 n. Chr.) zeréckgeet.

D'Tabula Peutingeriana ass 680 cm × 34 cm grouss a geduecht fir opgerullt ze ginn. D'Kaart ass e schemateschen Diagramm, a liwwert wichteg Informatiounen iwwer d'Stroossennetz, Relaisstatioune fir d'Päerd ze wiesselen (mansio), an eng 555 Stied (déi duerch méi oder manner grouss Buerge symbolisiéert sinn), souwéi d'Zuel vun den Dagesetappen tëscht den Halten an den Haaptverkéierstrajeten.

D'Kaart ass haut nach eng vun de wichtegste Quelle fir antik Nimm vun Uertschaften z'identifizéieren an haitegen Nimm z'attribuéieren

Zanter der Renaissance koumen eng Rëtsch Facsimile-Editiounen dovun eraus.

D'Tabula Peutingeriana (Editioun vum Konrad Miller, 1887)
4000px


Literatur änneren

  • Konrad Miller: Itineraria Romana. Römische Reisewege an der Hand der Tabula Peutingeriana. Strecker & Schröder, Stuttgart 1916. (Nachdruck: Husslein, Bregenz 1988.)
  • Tabula Peutingeriana. Codex Vindobonensis 324, Österreichische Nationalbibliothek, Wien. Kommentiert von Ekkehard Weber. Akademische Druck- u. Verlagsanstalt Dr. Paul Struzl, Graz 1976, ISBN 3-201-01793-0 (Faksimile).
  • Ekkehard Weber: Die Tabula Peutingeriana. In: Antike Welt 15, 1984, Heft 1, S. 2–8.
  • Michael Rathmann: Untersuchungen zu den Reichsstraßen in den westlichen Provinzen des Imperium Romanum. Mainz 2003, S. 3–41.
  • Michael Rathmann: Heinrich Kiepert und die Tabula Peutingeriana (Codex Vindobonensis 324). In: Michael Bischoff, Vera Lüpkes und Wolfgang Crom (Hrsg.): Kartographie der Frühen Neuzeit. Weltbilder und Wirkungen (= Studien zur Kultur der Renaissance 5). Rastede 2015, S. 13–18.
  • Hans Georg Wehrens: Warum Freiburg auf der „Tabula Peutingeriana“ nicht vorkommt. In: Freiburg im Breisgau 1504–1803. Holzschnitte und Kupferstiche. Verlag Herder, Freiburg 2004, S. 131 ff., ISBN 3-451-20633-1.
  • Johannes Freutsmiedl: Römische Straßen der Tabula Peutingeriana in Noricum und Raetien. Verlag Dr. Faustus, Büchenbach 2005, ISBN 3-933474-36-1.
  • Hans Bauer: Die römischen Fernstraßen zwischen Iller und Salzach nach dem Itinerarium Antonini und der Tabula Peutingeriana. Neue Forschungsergebnisse zu den Routenführungen. Herbert Utz Verlag, München 2007, ISBN 978-3-8316-0740-2.
  • Richard J. A. Talbert: Rome's world. The Peutinger map reconsidered. Cambridge University Press, Cambridge 2010, ISBN 978-0-521-76480-3.

Um Spaweck änneren

Commons: Tabula Peutingeriana – Biller, Videoen oder Audiodateien