D'Sydney Harbour Bridge ass eng Boubréck zu Sydney, déi Kirribilli am Norde mat Dawespoint am Süden iwwer den Hafe vu Sydney ewech verbënnt.

Sydney Harbour Bridge
Geographie
Land Australien
Plaz Sydney
Koordinaten 33° 51’ 08’’ S
      151° 12’ 38’’ O
Funktioun
Benotzt als Eisebunns-, Stroossen- a Foussgängerbréck
Féiert iwwer Port Jackson
Technesch Detailer
Bréckentyp Fachwierkboubréck
Totallängt 1149 m mat den Opfaarten
Felder/Béi 5 × 50 m + 1 × 503 m + 5 × 50 m
Breet 49 m
Héicht 134 m uewen um Bou
49 m iwwer dem Waasser
Material Stol, Béton-armé
Bemierkungen
Opgaangen 19. Mäerz 1932
Architekt(en)
Konzeptioun
John Jacob Crew Bradfield
Nuets
Mam Sydney Opera House.

Si gouf den 19. Mäerz 1932 offiziell ageweit an huet de Spëtznumm coat hanger ("Kleederbigel") Zanter 2007 ass s'op der Australian National Heritage List als nationaalt Monument klasséiert.

Si huet eng Spanwäit vu 503 Meter an ass op hirem héchste Punkt 134 Meter iwwer dem Mieresspigel. Am Bou sinn 39.006 Tonne Stol verschafft (am Ganze sinn et 52.800 Tonne Stol, 17.000 m³ Granit a 95.000 m³ Betong. Si ass 50 Meter breet, an op hir sinn aacht Stroossespueren (dovun eng fir Busser), zwee Eisebunnsgleiser, ee Vëlos- an ee Fousswee amenagéiert.

Déi zwéin 89 Meter héich Peiler, déi mat Granit verkleet sinn, si just Dekoratioun; een dervun ass e Musée.

Si gouf tëscht 1924 an 1932 vum Dorman Long no de Pläng vum Ralph Freeman a vum Sir Douglas & Francis Fox, fir 10.057.170 Pond, 7 Shilling an 9 Pence, gebaut.

Trivia änneren

Ier de Paul Hogan, bekannt aus dem Film Crocodile Dundee, Schauspiller gouf, huet hien op där Bréck als Usträicher geschafft.

Um Spaweck änneren

Commons: Sydney Harbour Bridge – Biller, Videoen oder Audiodateien