Swjatlana Alexijewitsch

wäissrussesch russesch-sproocheg Schrëftstellerin a Journalistin

D'Swjatlana Aljaksandrauna Alexijewitsch (be: Святлана Аляксандраўна Алексіевіч, ru: Светлана Александровна Алексиевич/Swetlana Alexandrowna Alexijewitsch), gebuer den 31. Mee 1948 zu Stanislaw, deemools an der Ukrainescher Sozialistescher Sowjetrepublik, haut Iwano-Frankivsk an der Ukrain, ass eng wäissrussesch Schrëftstellerin, déi op Russesch schreift. 2015 krut si den Nobelpräis fir Literatur.

Swjatlana Alexijewitsch
Світлана Алексієвич (Київ, 2016) 08 (cropped).JPG
Gebuer 31. Mee 1948
Ivano-Frankiwsk
Nationalitéit Wäissrussland, Sowjetunioun
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist, Prosaist
Member vun Schrëftstellerverband vun der UdSSR
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Swetlana Alexijewitsch schreift Kuerzgeschichten, Essayen a Reportagen, an huet eng Zort Collage erfonnt, mat där se aus Aussoe vun eenzele Leit aus dem Alldag eng bestëmmt Realitéit erëmgëtt, wéi z. B. vu Veteranen aus dem Afghanistankrich oder den Affer vun der Katastroph vun Tschernobyl.

Si ass eng explizit Géignerin vum wäissrussesche President A. Lukaschenka senger diktatorescher Politik.

WierkerÄnneren

Bicher (de)Änneren

Aner WierkerÄnneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.


Um SpaweckÄnneren

Commons: Swjatlana Alexijewitsch – Biller, Videoen oder Audiodateien