De Swimming Luxembourg (SL) ass e Schwammclub aus der Stad Lëtzebuerg. En ass un d'Lëtzebuerger Schwammfederatioun (FLNS) affiliéiert.

Swimming Luxembourg

Geschicht änneren

De 16. September 1919 gouf de Club ënner dem Numm Swimming Club Luxembourg (SCL) gegrënnt gouf. Den 21. Oktober 1991 huet e mam Luxembourg Natation (LN) fusionéiert an den Numm Swimming Luxembourg ugeholl.

Den 9. November 2019 war déi offiziell Feier vun den 100 Joer vum SL am Cercle municipal.

Aktivitéiten änneren

Den SL proposéiert verschidden Activitéiten: D'Schwammschoul, d'Competitiounsschwammen, d'Synchronschwammen, Ënnerwaasser-Rugby, Masters- a Loisirschwammen. Donieft offréiert den SL nach als ee vun de wéinege Schwammclibb zu Lëtzebuerg Waasserball. Mat all sengen Aktivitéiten ass den SL ee vun de gréiseste Veräiner zu Lëtzebuerg mat méi wéi 1.000 Memberen.

Manifestatiounen änneren

All Joer organiséiert den SL verschidde Manifestatiounen. Am Competitiounsschwamme sinn dat d'Championnats Internationaux des Jeunes (CIJ MEET) an der Coque, d'Endurance, de Synchro Cup (eng international Synchronschwammcompetitioun), de Luxembourg Masters Open um Campus Geesseknäppchen an den Open Water zu Lëlz um Uewersauer-Stauséi.