Surveyor 4
De Surveyor 4 war déi véiert Moundsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA am Kader vum Surveyor-Programm. De Surveyor-Programm war den Nofollger vum Ranger-Programm. D'Resultater vum Programm sollten déi éischt bemannt Moundlandung virbereeden. De Surveyor 4 sollt onbeschiedegt um Äerdmound landen a vun do Biller an Donnéeën op d'Äerd schécken.
Surveyor 4 | |
---|---|
Typ | Moundsond |
Missionszil | Virbereedung fir bemannt Moundlandungen |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Start | 14. Juli 1967, 11:53 UTC |
Startplaz | CCAFS LC-36 |
Drorakéit | Atlas-Centaur AC-10/290D |
Enn | 17. Juli 1967 |
Missioun änneren
De Surveyor 4 gouf de 14. Juli 1967 u Bord vun enger Atlas-Centaur-Rakéit vun der Startramp LC-36 vun der Cape Canaveral Air Force Station gestart. No engem normale Fluch hat d'Sond de 17. Juli 1967 de Mound erreecht. Ongeféier dräi Minutte virum geplangten Opsetzen op der Mounduewerfläch waren d'Funksignaler ofgebrach. Weider Beméiungen, nees Kontakt opzehuelen, waren net gelongen. Et gëtt ugeholl, datt d'Sond duerch eng Feelfunktioun explodéiert war.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Surveyor-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) NASA: Surveyor 4
- Beschreiwung vum Surveyor-Programm