Eng Supjesbox ass eng laang Box, déi ënnen un de Boxebee Bänner huet, déi ënner de Féiss erduerchginn (dohier den Numm, dee vu sous-pied ofgeleet ass), a solle verhënneren, datt sech d'Boxebeen eropstrëppen. Vill Ski- a Reitboxe gehéieren zu de Supjesboxen.

Eng Supjesbox aus den 1990er Joren

Am Renert ernimmt de Michel Rodange déi Zort Box am néngte Gesank:

Dir wësst, ech war Ramplassang,
Ramplassang fir e Fochs;
Ech hat e grénge Mantel
an och eng Supjesbox

Am Michel Lentz sengem De Fräsch an den Ochs gëtt déi "Bochs" vun engem Ochs gedroen:
Déi drëtt Strof an der Welter-Engelmann-Schreifweis:

Hei ko'm um Summerwe e gro'sse schwe'ren Ochs
Op he'ge Spillebên an enger Zupjesbochs
Am Lengent bis un d'Nues, wern'ert Stiwlen un,
E Schnëppel op de Mo'd mat enger Kastors Dunn.