Superzoom-Objektiv
Superzoom-Objektiv ginn an der Fotografie Objektive genannt, déi e besonnesch grousse Brennwäiteberäich hunn.
De Rekord halen Enn 2007 dräi Bridge-Fotoapparaten, déi allen dräi e Zoomfakteur vun 18-mol hunn.
18-mol Zoom
ännerenAm Hierscht 2007 sinn dräi Modeller virgestallt ginn, déi en Optesche Zoom vun 18-mol hunn, e sougenannt Superzoom-Objektiv, dee gréisste Zoomfaktor deen et bis Enn 2007 an der Fotografie gëtt:
- Vu Fujifilm de FinePix S8000FD
- Vun Olympus den SP-560UZ, deen no eppes iwwer engem hallwe Joer den SP-550UZ ersat huet
- Vu Panasonic de LUMIX DMC-FZ18
20-mol Zoom
ännerenAm Januar 2008 huet Olympus den Nofollger vum SP560 virgestallt, den SP-570Z, deen en optesche Zoom vun 20-mol huet.