Superhero (Kuerzfilm)

Film vum Émile V. Schlesser
(Virugeleet vu(n) Superhero)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kuerzfilm Superhero. Fir de Laangspillfilm, kuckt wgl. Superhero (Film 2021).

Superhero ass e Kuerzfilm vum Émile V. Schlesser aus dem Joer 2020, mam Nico Randel, Maria Dragus a Jannik Schümann an den Haaptrollen. D'Première war den 9. Mäerz 2020 um LuxFilmFest[1]. Dat selwecht Joer huet de Film de 13th Street Shocking Short Award gewonnen, deen um Filmfest München vum NBCUniversal-Sender 13th Street verdeelt gëtt.[2][3]

Superhero
Film
Produktiounsland Däitschland,
Lëtzebuerg,
USA
Produktiounsjoer 2020
Première 9. Mäerz 2020
Dauer 12 min
Faarf Faarweg
Format 2,39:1
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Émile V. Schlesser
Dréibuch Émile V. Schlesser
Fotografie Joel Froome
Musek Émile V. Schlesser
Schnëtt Émile V. Schlesser
Dekoren Christina Schaffer
Costumedesign Uli Simon
Produzent Fabien Colas
Schauspiller
Maria Dragus,
Nico Randel,
Jannik Schümann,
Charlotte Woolfe,
Etienne Halsdorf
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Synopsis änneren

De Max, e jonke Mann mat Down Syndrom, hëlt d'Identitéit vun engem Superheld un, fir den néidege Courage opzebréngen, fir enger Kandheetsfrëndin seng Léift ze gestoen. Wéi hien onerwaart op hirer Party opdaucht, léisst hie sech op eng Muttprouf an, déi fuerchtbar schif geet.

Auszeechnungen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. SUPERHERO | Luxembourg City Film Festival. www.luxfilmfest.lu Gearchiveerd op 2022-08-10. Gekuckt de(n) 2022-03-21.
  2. sky.de, "Shocking Short"-Gewinner Émile V. Schlesser im Interview. www.sky.de. Gekuckt de(n) 2022-03-21.
  3. 13th Street Shocking Short. www.filmfest-muenchen.de. Gekuckt de(n) 2022-03-22.