E suborbitale Fluch beschreift eng Fluchbunn, bei där e Fluchobjet eng grouss Fluchhéicht kritt, awer net an eng Ëmlafbunn kënnt.

Suborbital Flich ginn zum Beispill duerchgefouert, fir Raumschëffer a Rakéiten op hire Weltraumfluch ze testen. En ettlech Fligere goufen dogéint sou entwéckelt, datt si de Weltraum nëmme suborbital erreechen. Dozou zielen ënner anerem d'X-15 (Testfluchobjet vun der NASA) an d'SpaceShipOne (privaten a bemannte Rakéitefliger).

D'Missiounsprofil vu meteorologesche Rakéiten, Héichtefuerschungsrakéiten a militäresche Rakéiten entsprécht och deene vun suborbitale Flich.

Suborbital Flich sinn ënner bestëmmte Bedingungen interessant, well et méi liicht ka sinn, de Weltraum op déi Manéier z'erreechen. Am Kader vum Ansari X-Prize gouf dobäi d'Definitioun iwwerholl, datt de Weltraum an enger Héicht vun 100 Kilometer ufänkt. Fir eng Ëmlafbunn z'erreechen, sinn héich Vitessen no bei der éischter kosmescher Vitess (ronn 28.000 km/h) néideg. Dofir si suborbital Fliger méi bëlleg ze bauen an erfuerdere manner Entwécklungsaarbecht wéi Raumschëffer, déi zouverlässeg bis an den Orbit an driwwer eraus solle kommen. Ausserdeem spillt bei engem bemannte Fluchobjet den Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär an dat dofir gebraucht Hëtzschëld eng net manner wichteg Roll. Sou kënnt d'SpaceShipOne ouni nennenswäert Hëtzschëld aus, wogéint d'Space Shuttlen oder d'Landekapsele vun den Apollo- a Sojus-Raumschëffer wéinst der méi héijer Neesantrëttsvitess awer massiv Sécherheetsbestëmmungen hunn.

Fluchprofiler änneren

Touristeflich änneren

Den Zweck vu suborbitalen Touristeflich ass fir iwwerhaapt eng Fluchhéicht z'erreechen, bei där ee vun der Grenz zum Weltraum schwätze kann.

Fir déi erfuerderlech Héicht ze kréien, gëtt d'Fluchbunn riicht oder vertikal zum Himmel ugestrieft. Nom Erreeche vun der maximaler Fluchhéicht lant een uschléissend nees entweeder op der Startplaz oder op engem Fluchfeld net wäit dovun.

De Fluchobjet ka virum Erreeche vun der maximaler Fluchhéicht seng Dreifwierker ausschalten, fir dann eleng duerch den Impuls weiderzefléien. Wärend dem net ugedriwwene Fluch ass an der Kabinn Schwéierlosegkeet (E Prinzip, dat scho méi laang bei de Parabelflich gemaach gëtt).

D'Verfechter vun dëse Flich versprieche sech e Benefice duerch vill finanzkräfteg Weltraumtouristen.

Interkontinental Flich änneren

Eng weider Uwendung vu suborbitale Flich besteet doran, d'Fluchzäite vun interkontinentale Flich extreem ze verkierzen. Fir vun Europa an Nordamerika ze fléien, géif een da manner wéi eng Stonn brauchen.

En Nodeel wieren déi héich Käschten, soudatt mat enger Verwierklechung net ze rechnen ass. D'Beispill vun de Concorde-Iwwerschallfliger huet gewisen, datt eng kuerz Fluchzäit kee Garant fir e rentabele Fluchbetrib ass.

Geschicht vu bemannte suborbitale Flich änneren

Zukunft vu bemannte suborbitale Flich änneren

Schonn zanter laanger Zäit beschäftegt sech d'NASA mat dësem Theema. Si experimentéiert mat der Scramjet-Technik, mat där Iwwerschallfligeren a grousser Héicht fléie kënnen.

Eréischt an de leschte Joren – ugedriwwe virun allem duerch den Ansari X-Prize – si privat Investisseuren a Firmen an d'Entwécklung vu Fluchobjete gestart, a wëlle suborbital Flich duerchféieren.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren