Stykkishólmur

(Virugeleet vu(n) Stykkisholmur)

Stykkishólmur ass eng Stad a Gemeng am Norde vun der Snæfellsnes-Hallefinsel, an der Regioun Vesturland, am Weste vun Island.

Vue op Stykkishólmur
Lag vun der Gemeng Stykkishólmur

Mat senge ronn 1100 Awunner ass et den Déngschtleeschtungs- an Handelszentrum vun der Géigend. Déi meescht Leit do hunn hiert Akommes vun der Fëscherei oder dem Tourismus. Och e Fransiskanerinneklouschter gëtt et do.

Vu Stykkishólmur fiert eng Fär duerch de Breiðafjörður-Fjord op d'West-Fjorden (Vestfirðir). Vun do aus kënnt een och op Flatey.

Um Spaweck änneren

Commons: Stykkishólmur – Biller, Videoen oder Audiodateien