Stuedtheater

Theatergebai zu Gréiwemaacher
(Virugeleet vu(n) Stued Theater)

De Stuedtheater (eege Schreifweis: „Stued Theater“) ass e Privattheater fir Lëtzebuerger Klengkonscht am Zentrum vu Gréiwemaacher. Den Theater funktionéiert zanter dem Oktober 2008 an ass an enger fréierer Wonerei tëscht den ale Maschinnen ageriicht.[1] Hei gëtt ënnert anerem lëtzebuergeschsproocheg Kultur gefleegt, ausgegruewen, frësch arrangéiert an nei geschaf. Weider Eegenschafte vum Stuedtheater sinn de "Pättchen an de Mäifelchen" an d'Abezéie vum Publikum an d'Opféierung iwwer de Gesank. Zanter Januar 2018 organiséiert Stued asbl d'Owenter am Stuedtheater. D'artistesch Leedung huet de Museker a Musekspedagog Georges Urwald.

Stuedtheater
Am Stuedtheater
mam Proprietär Georges Urwald (Mäerz 2024)
Land Lëtzebuerg
Plaz Gréiwemaacher
Koordinaten 49°40'38"N, 6°26'34"O
Proprietär Georges Urwald

Den Numm Stued geet op de lokalen Numm vun der Strooss Rue des Bateliers zeréck, am Maacher Volleksmond Stued (de.: Staden = Wee laanscht de Floss) genannt.[2]

Stuedtheater-Produktiounen änneren

Opnamen änneren

  • 2011: Schlüpferesch I - Hommage un di Wëll Zwanzeger, MTV Rhäifränsch & Orchesterchen Frivoli (CD).
  • 2013: Schlüpferesch II - Hommage un de Jempy 'Thériente' Welter, D'Jempien & Orchesterchen Frivoli (CD).
  • 2020: Panzfestival 2019, Festival fir fräi improviséiert Musek - Live Matschnëtt (CD).
  • 2020: Serge Tonnar & Legotrip am Stued Theater. Live Album, 2019-02-23 (CD).
  • 2020: Panzfestival 2019, Festival fir fräi improviséiert Musek. Live-Matschnëtt vum November 2019 (et spillen: Annabelle Dodane, Franck Hemmerlé, Georges Urwald, Michel Pilz, Benoit Martiny, Christof Thewes, Jan Roder, Luciano Pagliarini, Jay Christnach, Misch Feinen) (CD).
  • 2021: georges urwald & FLOTT ‚1971‘ – 13 nei Lëtzebuerger Lidder an Instrumentalkompositiounen iwwert de Clown an d’Liewen (CD, Vinyl)
  • 2022: Panzfestival 2 2021 – Festival fir fräi improviséiert Musek – Live-Matschnëtt vum November 2021 (et spillen: Didier Petit, Franck Hemmerlé, Corbi, Georges Urwald, Luciano Pagliarini, John Schlammes, Anne Kaftan, Armin Neises, Michel Pilz, Michel Reis, Pit Dahm, Benoit Martiny, Loris Binot, Emilie Skrijelj, Christof Thewes, Hartmut Oßwald) (CD).
  • 2023: TONNAR URWALD Live aus der Heemecht – Lëtzebuerger Klassiker aus dem 19. Joerhonnert, live opgeholl am Stued Theater am Februar 2022 (CD).

Lidderbicher änneren

  • 2011: Wupperätät. 20 beléifte Lëtzebuerger Lidder mat ausgeschriwwener Pianosbegleedung.
  • 2019: Stuesend am Fued, 20 Lëtzebuerger Lidder iwwert d'Fuesend. Mat Texter, Melodien a Begleetakkorden, Format B5, 56 S.
  • 2021: Ënnen'rëm, 20 erotesch Lëtzebuerger Lidder. Mat Texter, Melodien an Akkordsymboler, Format A4, 37 S.
  • 2022: Maacher am Léiderbouch. 15 Léider iiwwert Maacher an d’Maacher – mat Texter, Melodien, Begleetakkorden an Hannergrondinformatiounen, Format A4, 52 S.
  • 2023: Lëtzebuerger Lidderbuch De Georgely: Band 1 – geselleg Lidder – 300 Lidder mat Texter, Melodien a Begleetakkorden, 635 Säiten, Format A4, 635 S.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Weider Detailer zur Geschicht vum Stuedtheater: https://stuedtheater.wordpress.com/geschicht/
  2. Cf. Stued am LWB: Stued M.: «überhängendes Bach-, Flußufer, Staden» (auch als Flurname) — um St. vum Waasser scheien d'Kazen — in Grevenmacher am Moselufer als Stellenbez.: de St.; 2) «Weinbergsmauer» (lok. belegt in Mertert).