Strooss vun Hormus

(Virugeleet vu(n) Strooss vun Hormuz)

D'Strooss vun Hormus (persesch: تنگه هرمز, Tangeh-ye Hormoz) ass eng Mierengt, déi no der Insel Hormus benannt ass, déi dra läit. Se verbënnt de Persesche Golf am Oste mam Golf vum Oman, dem Arabesche Mier an dem Indeschen Ozean a läit tëscht dem Iran an Oman. Op hirer schmuelster Plaz ass se 21 Séimeilen (38.89  km) breet.

Satellittebild vun der Strooss vun Hormus
Kaart

Zanter der Antiquitéit ass d'Strooss vun Hormus eng wichteg Schëfffaartsstrooss an e wichtegen Handelswee. Bis an d'16. Joerhonnert war et de Waasserwee tëscht Europa an Indien. Duerch si leeft haut dee ganze Schëffsverkéier vun de Pëtrolshäfe vu Kuwait, Bahrain, vum Irak, de Vereenegten Arabeschen Emirater an dem Iran, an och de gréissten Deel vum saudiarabesche Verkéier. Ronn ee Véirel vun der Weltpëtrolsproduktioun gëtt do duerch transportéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Strait of Hormuz – Biller, Videoen oder Audiodateien