Stratoscope ass d'Bezeechnung vun zwéi Spigelteleskopen déi vu Ballone gedroe goufen, a mat deenen tëscht 1957 an 1971 virun allem Ënnersich am visuelle Liicht am Infraroutberäich bei der Sonn, Galaxien a Roude Risen duerchgefouert goufen. D'Initiativ fir d'Stratoscope-Projete koum vum Martin Schwarzschild, a se goufe vu Perkin Elmer gebaut. De Stratoscope I hat e Spigelduerchmiesser vun 30,48 Zentimeter. De Stratoscope II hat e Spigelduerchmiesser vun 91,4 Zentimeter an e Gewiicht vun 3,5 Tonnen. Allebéid goufe ferngesteiert bedriwwen. Am Ufank goufe fotografesch Filmer gemaach, méi spéit waren et Televisiounskameraen.

De Stratoscope I

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie