Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Stratford-upon-Avon [ˌstɹætfədəpɒnˈeɪvn] ass eng Stad an der englescher Grofschaft Warwickshire. D'Uertschaft, déi no bei Birmingham läit, huet ronn 23.700 Awunner (2001) an ass de Verwaltungssëtz Distrikt mam selwechten Numm Stratford-on-Avon. Stratford ass virun allem als Gebuertsstad vum englesche Schrëftsteller William Shakespeare berüümt ginn. Nieft verschiddenen Industrien, wéi zum Beispill d'Aluminiumveraarbechtung an de Bau vu klenge Boter, ass d'Stad virun allem e bedeitenden Touristenzentrum, deen all Joer vun 2 Milliounen Touristen besicht gëtt.

D'Gebuertshaus vum William Shakespeare
De Royal-Shakespeare-Theater

Geschichtleches änneren

Kuckeswäertes änneren

  • Gebuertshaus vum William Shakespeare.
  • Anne Hathaway's Cottage, d'Gebuertshaus vum Shakespeare senger Fra (zu Shottery, knapps 2 km vu Stratford ewech.
  • De Royal Theatre (Shakespeare Gediechtnestheater), läit um Uwänner vum Floss Avon. Do kann een Opféierunge vum Shakespeare sengen Theaterstécker gesinn.
  • D'Grammar School, wou de Shakespeare aller Warscheinlechkeet no an d'Schoul gaangen ass.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Stratford-upon-Avon – Biller, Videoen oder Audiodateien