Strangers in the Night (Film, 2011)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Documentaire vun der Beryl Koltz aus dem Joer 2011.. Fir aner Filmer mat deem Titel a soss Bedeitungen, kuckt wgl. Strangers in the Night.

Strangers in the Night ass en Documentaire vun der lëtzebuergescher Regisseurin Beryl Koltz iwwer de Performancekënschtler a Museker Pit Vinandy ("Cyber Piper").

Strangers in the Night
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 1. Juli 2011 (Kino)
Dauer 52 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Englesch
Ekipp
Regie Beryl Koltz
Dréibuch Beryl Koltz
Fotografie Jean-Louis Schuller
Musek Beryl Koltz
Schnëtt Amine Jaber
Produzent Bernard Michaux
Produktiouns-
gesellschaft
Lucil Film
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

E koum am Juli 2011 an d'Kinoen.

Ëm wat geet et am Film?

änneren

De Lëtzebuerger Pit Vinandy ass op der Online-Platform Second Life als "Cyber Piper" bekannt. Do féiert hien en zweet, erfollegräicht Liewen. An deem virtuelle Liewen ass hie mat enger Fra bestuet, déi am reelle Liewen Denise heescht an zu New York wunnt. Déi zwee hu sech baussent där virtueller Welt nach ni getraff. De Film begleet de Pit Vinandy, wéi en an Amerika flitt, fir dem Denise fir d'éischt Kéier an der Realitéit ze begéinen.

Offiziellen Zuelen vum CNA no waren nëmmen 39 Leit den Documentaire zu Lëtzebuerg an de Kino kucken.[1]

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises, Zuele vum CNA vun 2018