Eng Stralungsbilanz déngt dozou, de Stralungsaustausch vun engem System mat senger Ëmgéigend ze bilanzéieren. Dobäi ginn d'Stralungsflëss, déi de System verloossen, géint déi opgerechent, déi vu baussen op de System awierken. Et handelt sech ëm eng speziell Form vun der Energiebilanz, déi besonnesch da gebraucht gëtt, wann aner Prozesser vun der Energie- a besonnesch d'Hëtztiwwerdroung, wéi zum Beispill Hëtztleedung oder Konvektioun, net optriede resp. keng Wierkung iwwer d'Systemgrenzen eraus entfalen. Dat wichtegst Beispill ass d'Stralungsbilanz vun der Äerd.