Stréckel
Schnouer fir Schong zouzebannen
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Stréckel ass eng Schnouer, déi geduecht ass, fir Schong zouzebannen.
Ier de Stréckel 1790 an England erfonnt gouf, sinn d'Schong mat Blocken zougemaach ginn.
E Stréckel am iwwerdroene Sënn ass och en Topert, e Näischnotz, e Klunni, een dee keng Grëtz dovu versteet, een deen net zolidd gestréckt ass. Am Sproochgebrauch gëtt nawell dacks en Adjektiv dobäi gesat: Du domme Stréckel, dee faule Stréckel do. Meeschtens ass deen Ausdrock net béis gemengt a bezitt sech op Lausbouwen.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Stréckelen – Biller, Videoen oder Audiodateien |