Ster ass en Uertschafts- a Flouernumm deen ee grad wéi Sart dacks a Wallounien erëmfënnt.

Etymologie änneren

Ster oder och Stier si Wierder aus dem Wallouneschen a bezéie sech op Plazen déi ofgeholzt, oder vun all Planzewuesstum fräigemaach goufen, fir landwirtschaftlech Kulture kënnen drop unzeleeën.

Se komme vum laténgesche Wuert stirps hier, dat Wuerzel bedeit. Stirps huet ë. a. de Verb extirpare (= ausräissen, defrichéieren) ginn. Aner Urspréng kënnen de germanesche Ster sinn, wat Plaz oder Landgutt/Domaine bedeit, souwéi Sterja, wat e Fielsvirsprong oder Promontoire bedeit[1].

Follgend Uertschaften heesche Ster oder Stier oder sinn dervun ofgeleet:

Raummooss änneren

  • E Ster ass eng Eenheet bei Raummossen am Holzhandel a bezeechent eng hallef Kouert.

Referenzen änneren

  1. Dictionnaire des noms de lieux en Wallonie et à Bruxelles