Staustuf Müden
D'Staustuf Müden ass – vun der Mëndung an de Rhäin bei Koblenz flossop gekuckt – déi 3. Staustuf op der kanaliséierter Musel. Se läit um Kanalkilometer 37,11[1] bei den Uertschafte Müden (lénkst Uwänner) an Treis-Karden (rietst Uwänner) am Bundesland Rheinland-Pfalz. DʹAnlag war 1964 fäerdeg gebaut an ass am selwechte Joer mat der Kanaliséierung vun der Musel fir de Schëffsverkéier opgaangen.
![]() | |
Typ | Wier, Staustuf, Schëffsschleis |
---|---|
Geographie | |
Land | Däitschland |
Plaz | Müden, Treis-Karden |
Koordinaten | 50°11'2,706"N, 7°19'56,748"O |
Gewässer | Musel |
Flosskilometer | 37,10 km |
Héicht i. M. | 79 m |
Technesch Donnéeën (Schleis) | |
Fäerdeg gebaut | 1964 |
Opgaangen | 1964 |
Längt | 170 m |
Breet | 12 m |
Niveausënnerscheed | 6,5 m |
Aner Donnéeën | |
Bedreiwer | Wasserstraßen- und Schifffahrtsamt Mosel-Saar-Lahn, RWE Generation |
Leeschtung Kraaftwierk | 16,40 MW |
![]() |
D'Nopeschstaustuf muselop ass d'Staustuf Fankel, a flossofwäerts ass et déi vu Lehmen.
Geschicht
ännerenDe Barrage gouf 1964 am Kader vun der Kanalisatioun vun der Musel gebaut.
Accident vum 8. Dezember 2024
ännerenDen 8. Dezember 2024 gouf déi ënnescht Schleisepaart vun engem Frachtschëff schwéier beschiedegt[2]. 74 Schëffer stoungen op der Musel a konnten net a Richtung vum Rhäin virufueren. Uganks housch et, datt et bis op d'mannst Mäerz 2025 dauere géif bis d'Schleis gefléckt wier. Mat enger sougenannter „Noutschleisung“ konnten dunn awer bis de 27. Dezember all d'Schëffer déi blockéiert waren, „befreit“ ginn. Dofir goufen amplaz vun der ënneschter Schleisepaart allkéiers mat engem Kran néng stole Putteren (déi am Fong fir d'Revisioun vun der Schleis virgesi sinn) agesat an no der Schleisung nees erausgeholl.
Den 19. Dezember 2024 hunn déi Lëtzebuerger Transportministesch Yuriko Backes an den däitsche Bundesminister für Digitales und Verkehr Volker Wissing matgedeelt, datt d'Schleis viraussiichtlech bis Ufank Februar 2025 gefléckt soll sinn[3].
Technesch Donnéeën
ännerenStaustuf
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
De Barrage läit um Kanalkilometer 37,11 op enger Héicht vun 79,005 m. Den Niveausënnerscheed tëscht dem ieweschten an dem ënneschte Schleisebaseng ass 6,55 m.
Schleis
ännerenDʹSchleis huet eng rechteckeg Schleisekummer mat enger notzbarer Längt vun 170 Meter, an enger Breet vun 12 Meter. Den Niveausënnerscheed tëscht dem ieweschte Schleisebaseng an dem ënneschten ass 6,5 Meter. Déi hydrostatesch Héicht vum ieweschte Schleisebaseng ass 79 Meter.
Duerch d'Schleis kënne Schëffer mat de Moossen 110,005 x5 11,45 m (mat spezieller Erlabnis, Längt bis 1355 m) oder Schubschëffer mat bis zu 172,10 Meter Längt fueren[4].
Do dernieft gëtt et och eng Bootsschleis mat 185 ×5 3,25 m.
Wier
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Waasserkraaftwierk
ännerenZur Anlag gehéiert d'Lafwaasserkraaftwierk Müden um lénksen Uwänner. Et ass dat drëtt vun am Ganzen zwielef Lafwaasserkraaftwierker um däitschen Deel vun der Musel. Et huet eng Leeschtung vu 16,405 MW a gëtt vun RWE-Generation bedriwwen.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Staustuf Müden – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ D'Kanalkilometeren entspriechen net de Muselkilometeren.
- ↑ (lb)Schëff war ënnerwee an de Mäerter Hafen: Musel-Schleis no Accident futti, eng 70 Schëffer blockéiert. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 17.01.2025.
- ↑ (de)Austausch zwischen der Ministerin für Mobilität und öffentliche Arbeiten, Yuriko Backes, und dem Minister für Digitales und Verkehr der Bundesrepublik Deutschland, Dr. Volker Wissing, zur Lage nach dem Unfall an der Schleuse Müden. gouvernement.lu (19.12.2024). Gekuckt de(n) 17.01.2025.
- ↑ (de)WSA Mosel-Saar-Lahn - Mosel. www.wsa-mosel-saar-lahn.wsv.de. Gekuckt de(n) 17.01.2025.