Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Staunton-Figuren sinn e Saz Schachfiguren vun enger bestëmmter Form, déi no dem brittesche Schachmeeschter Howard Staunton benannt sinn. Se goufen ëm 1835 vum Englänner Nathaniel Cook, engem Bekannte vum Staunton, entworf. En anert Zenario geet dovun aus, datt den ursprénglechen Entworf vum Cook sengem Schwoer, dem Konschthandwierker John Jaques, kënnt.

Ursprénglechen Design vun de Staunton-Figuren

De Cook huet jiddefalls d'Muster den 1. Mäerz 1849 registréiere gelooss. Den Design gouf vum Staunton am The Illustrated London News gelueft. Dräi Joer méi spéit krut de Figuresaz den Numm vum berüümte Schachmeeschter.