Eng Starburstgalaxis (engl Starburst = "Stärenausbroch") ass eng Galaxis, an där méi nei Stären entstinn, wéi fir eng Galaxis vun dëser Gréisst typesch ass.

HST-Foto vun der Starburstgalaxis Messier 82. Ioniséierte Waasserstoff am vum Starburst geformte Superwand erschéngt rout

D'Ofgrenzung zu normale Galaxien ass net schaarf definéiert. Normalerweis bezeechent een als Starburstgalaxis nëmme Galaxien, deenen hir Stäregebuertsquot sou héich ass, datt si aus dem disponibele Gasproviant net iwwer Milliarde Joer oprechterhale ka ginn. De Begrëff Starburst gëtt munnechmol och op Deelberäicher vu Galaxië mat raimlech begrenzter aktiver Stäregebuert benotzt. Hie verléiert säi Sënn op der méi klenger Skala vu Stärenentwéckungsgebidder, wéi si och an normale Spiralgalaxien heefeg sinn.

Déi jonk Stäre vun engem Starburst emittéiere staark am Ultraviolettberäich vun der elektromagnéitescher Stralung a ioniséiere grouss Deeler vun der interstellarer Matière vun der Galaxis. Vill Starburstgalaxien hunn awer sou vill Stëbs, datt de gréissten Deel vun der Liichtkraaft vun de jonke Stäre vum Stëbs absorbéiert an iwwer 90 % vun hirer ganzer Energie am wäiten Infrarout nees ofgestraalt gëtt. Starbursts vun diversen Eegenschafte goufen dofir an Himmelsduerchmusterungen am Ultraviolett (z. B. vum Benjamin Markarjan a senge Mataarbechter an den 1960er Joren) oder am wäiten Infrarout (besonnesch vum IRAS) entdeckt. Vill Infraroutgalaxië si Starburstgalaxien. E bekannt Beispill ass de Messier 82.

Interaktivitéit a Verschmëlze vu Galaxië kënne Starbursten ureegen, geneesou wéi Gasstréim laanscht d'Dunn vu Balkespiralgalaxien.

Ënnersich vu Starburstgalaxië befaasse sech ënner anerem mat der Masseverdeelung vun den neigeformte Stären, mat de kompakte masseräiche Stärekéip déi an de Starbursten entstinn a mat der Réckkopplung déi durch Stralung a Stärewand op den interstellaren an intergalaktesche Medium entstinn. Duerch de Stärewand a Supernovaexplosiounen an enger Starburstgalaxis kann en Deel vun hirem interstellare Medium sou staark opgehëtzt ginn, datt et si an engem Superwand verloosse kann.

Bekannt Starburstgalaxien änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie