Star Trek

Filmgenre Science-Fiction

Star Trek (eng.: "Stärerees) ass en Iwwerbegrëff fir eng bis elo 5 Fernseeserien, enger Zeechentrickserie an 11 Kinofilmer. Star Trek ass beim Filmgenre Science-Fiction ze klasséieren an huet säin Ursprong an de 60er Joren.

D'original USS Enterprise NCC-1701

Den Ufank änneren

An de fréiere 60er Joren huet de Gene Roddenberry en éischt Dréibuch fir seng geplangt Science-Ficiton-Serie, déi bis dohin nach keen Numm hat, geschriwwen an verschiddene Sender ugebueden. Fir d'éischt sollt dat berüümt Schëff "USS Yorktown" heeschen, gouf spéider awer an USS Enterprise ëmbenannt. Mëtt der 60er huet de Gene Roddenberry d'Méiglechkeet kritt, en Pilotfilm ze dréinen, dee vum amerikanesche Fernseesender NBC awer ofgeleent gouf. Ze Usprochsvoll huet et op der enger Säit geheescht, op der anerer Säit hat de Sender och Angscht virun de Kriticken. The Cage (däitsch: Der Käfig) ass net ausgestraalt ginn.

NBC huet dem Roddenberry awer eng zweet Chance ginn. D'Bedingunge waren, datt déi komplett Besetzung sollt ausgetosch ginn, besonneschg de Mr. Spock (Leonard Nimoy). Duerch seng spatz Oueren haten d'Produzenten Angscht, dem Public géif d'Serie als ze vill Satanistesch opfalen. De Roddenberry huet sech awer kënnen duerchsetzen, a sou ass de Mr. Spock op der Enterprise bliwwen an d'Majel Barrett (déi spéider mam Roddenberry bestuet war) huet d'Plaz vun der Éischter Offizéiesch misse géint eng Plaz op der Krankestatioun tauschen.

En neie Pilotfilm, "Where No Man Has Gone Before" (Spitze des Eisbergs) ass gedréit ginn. Mä amplaz vum Pilotfilm gouf direkt déi zweet Episod "The Man Trap" (Das Letzte seiner Art) gewossen. D'Serie, déi ënner dem Numm "Star Trek (an Däitschland "Star Trek: Raumschiff Enterprise") gelaf ass huet et op 79 Folge bruecht.

Wéi dunn 20 Joer méi spéit d'Spin-off-Sendunge gedréit goufen, ass den Numm vun der éischter Serie an "Star Trek: The Original Series" ëmbenannt ginn.

Ëm wat geet et? änneren

 
Emblem vun der Vereente Federatioun vun de Planéiten

Star Trek ass d'Geschicht vun de Mënschen an der Zukunft. Am Joer 2061 (De 5. Abrëll) test den Zefram Cochrane déi éischt Kéier an der Geschicht vun der Mënschheet dat éischt Raumschëff (d'Phoenix), dat Warp-Vitess erreeche kann. E vulkanescht Fuerschungsschëff, dat laanscht d'Äerd fléie soll, kritt dat mat a lant op der Äerd. Et kënnt sou zum Éischte Kontakt. Honnert Joer méi spéit, am Joer 2161 gëtt d'Vereent Federatioun vun de Planéiten (eng.: UFP, United Federation of Planets) gegrënnt. D'Grënnungsmembere sinn d'Mënschen, d'Vulkanier an d'Andorianer.
Knapps honnert Joer méi spéit, an de 60er Jore vum 23. Joerhonnert, geet de Captain Kirk mat der Crew vun der USS Enterprise op déi berüümt 5-Jores-Missioun. Nach eng Kéier honnert Joer méi spéit, nom Joer 2363 geet en neit Zäitalter vun der Raumfaart un. De Captain Picard iwwerhëlt de Kommando iwwer d'Enterprise NCC-1701-D. Vum Joer 2369 un zéien d'Cardassianer hiren Usproch op Bajor zeréck an d'Federatioun iwwerhëlt, a Funktioun vum Oppasser, de Kommando ënner der Leedung vum Captain Sisko iwwer d'Raumstatioun Deep Space Nine, déi am Orbit vu Bajor ass.
Am Joer 2371 kritt de Captain Janeway de Kommando iwwer d'USS Voyager NCC-74656 a gëtt wärend enger Missioun mam ganze Schëff an den Delta Quadrant gezunn, dee 75.000 Liichtjoer wäit ewech läit. Eng laang Heemrees geet un. An der selwechter Zäit geet am Alpha Quadrant, speziell an der Géigend vun Deep Space Nine, de grousse Krich géint d'Dominion un.

Produktiounen änneren

Serien änneren

 
Produktiounszäitlinn

Kinofilmer änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

כוכבים]]


Commons: Star Trek – Biller, Videoen oder Audiodateien