Star Academy ass den Numm vun enger Rei vu Musekscastingshowen, déi vun der Produktiounsfirma Endemol kreéiert gouf an an iwwer fofzeg Länner lafen oder gelaf sinn.

Belsch änneren

An der Belsch sinn zwou Versioune gelaf: déi frankophon "Star Académie" op RTL-TVi (2002) an déi hollänneschsproocheg Star Academy op Kannal Twee (2005).

Däitschland änneren

An Däitschland huet d'Star Academy Fame Academy geheescht an 2003-2004 ass just eng Staffel um Sender RTL II diffuséiert ginn.

Frankräich änneren

A Frankräich ass d'Emissioun vun 2001 bis 2009 op TF1 gelaf. Sänger wéi d'Élodie Frégé oder de Michał Kwiatkowski sinn duerch si bekannt ginn.