Stanislaw Salamowitsch Tschertschessow

russesche Foussballgolkipp an -trainer
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Stanislaw Salamowitsch Tschertschessow (op Russesch: Станислав Саламович Черчесов, op Ossetesch: Черчесты Саламы фырт Станислав), gebuer den 2. September 1963 zu Alagir an Nordossetien, ass e russesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller op der Golkipp-Positioun[1][2].

Stanislaw Salamowitsch Tschertschessow
Gebuer 2. September 1963
Nationalitéit Russland
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer

Hien huet a senger Profiscarrière ënner anerem fir Spartak Moskau (1984–88, 1989–93, 1995–96, 2002–03), fir Lokomotiw Moskau (1988–89), a fir den Innsbrucker FC Tirol/FC Wacker (1996–2002) gespillt[1]. Vun 1989 bis 2000 huet den Tschertschessow aachtmol fir déi sowjetesch Foussballnationalekipp, zweemol fir d'Foussballekipp vun der Gemeinschaft vun den Onofhängege Staaten‎ an 39-mol fir déi russesch Foussballnationalekipp gespillt[2].

Zanter dem 18. Juli 2016 ass den Tschertschessow den Haapttrainer vun der russescher Foussballnationalekipp[3].

Säi Fils Stanislaw Tschertschessow-jun. spillt och als Golkipp[4].

Um Spaweck änneren

Commons: Stanislaw Tschertschessow – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 https://www.transfermarkt.com/stanislav-cherchesov/profil/trainer/2073
  2. 2,0 2,1 Archive copy Gearchiveerd op 2020-10-23. Gekuckt de(n) 2017-10-10.
  3. http://www.novayagazeta.ru/news/1705308.html
  4. https://www.transfermarkt.com/stanislav-cherchesov/profil/spieler/265507