Stand Up For Europe
Stand Up For Europe | |
---|---|
Grënnungsdatum: | 3. Dezember 2016 |
Parteipresident: | Alain Deneef |
Vizepresident: | Bálint Gyévai |
Generalsekretär: | Luca Polidori |
Tresorier: | Faedran Bourhani |
Fusioun vun: | European Federalist Party, United States of Europe Now, Stand up for the United States of Europe |
Ausriichtung: | Europäesche Federalismus Europäesch Integratioun Demokratisatioun Sozialliberalismus |
Faarwen: | Giel a blo |
Websäit: | www.standupforeurope.eu |
Stand Up For Europe ass eng paneuropäesch Biergerbewegung déi fir e méi demokratescht an e federaalt Europa kämpft.[1]
Geschicht
ännerenStand Up For Europe gouf den 3. Dezember 2016 wärend der 6. Europäescher Federalismuskonventioun zu Bréissel gegrënnt duerch d'Integratioun vun dräi euro-federalistesche Bewegungen:
- Stand up for the United States of Europe,
- European Federalist Party
- United States of Europe Now.[2]
Organisatioun
ännerenStand Up For Europe ass ageriicht wéi eng Nonprofitorganisatioun (Association sans but lucratif, ASBL) ënnert belscht Gesetz.[3] D’Grënner sinn de Richard Laub, de Georgios Kostakos, den Olivier Boruchowitch an de Pietro De Matteis. D'Organisatioun huet déi follgend Gremien: (i) Generalversammlung, (ii) Verwaltungsrot, (iii) Grupp vu Conseilleren, (iv) Sträitcomité, (v) Expert-Kontabel, an (vi) Ombudsmann. D'Generalversammlung gëtt op d'mannst eemol pro Joer tëscht November a Februar gehal. Si benennt d'Membere vum Verwaltungsrot mat einfacher Majoritéit fir eng erneierbar Period vun engem Joer. De Verwaltungsrot ëmfaasst ënner anerem déi follgend Positiounen, déi am Februar 2017 vun de follgende Leit besat goufen:[4]
- President: Richard Laub
- Vizepresident: Pietro De Matteis
- Generalsekretär: Bálint Gyévai
- Tresorier: Jacques de Ridder
Well Stand Up For Europe eng stättesch Biergerbewegung ass, ginn hir Aktivitéite vun ongeféier 20 “City Teams” a siwen Universitéitsgruppen organiséiert (Februar 2017).[5] Si publizéiert reegelméisseg Pressecommuniquéen, Newsletteren an eng online Zäitschrëft, déi Europe Today heescht. D'Websäit vu Stand Up For Europe ass mat verschiddenen Applikatioune vun Soziale Medie wéi Facebook, Twitter, YouTube an Instagram verbonnen. Fir d'Wichtegkeet vun der europäescher Jugend ze weisen, behält si och déi Students For Europe Political Research Platform bäi, eng Websäit mat där méi einfach europäesch Theme kënne studéiert ginn, déi mat der Jugend ze doen hunn.[6]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Beschreiwung (op Englesch) op der Websäit vu Stand Up For Europe.
- ↑ Blog-Eintrag (op Englesch) iwwert déi 6. Europäesch Federalismuskonventioun op der Websäit vu Stand Up For Europe; recuperéiert um 22. Februar 2017.
- ↑ Statuten (op Englesch) vu Stand Up For Europe (22 Februar 2017).
- ↑ Stand Up For Europe Websäit Archivéiert de(n) 24.04.2017. Gekuckt de(n) 30.04.2017.
- ↑ Stand Up For Europe Websäit; recuperéiert am 22 Februar 2017. Archivéiert de(n) 24.04.2017. Gekuckt de(n) 30.04.2017.
- ↑ Websäit vu Students for Europe Archivéiert de(n) 29.03.2018. Gekuckt de(n) 30.04.2017.