Stadio Olimpico Grande Torino

Sportsstadion zu Turin
(Virugeleet vu(n) Stadio Olimpico di Torino)


De Stadio Olimpico Grande Torino (Olympiastadion) (fréier Stadio Benito Mussolini oder Stadio Comunale) ass en Omnisportsstadion zu Turin.

Stadio Olimpico Grande Torino
Plaz Turin
Baujoer 1932
Koordinaten 48° 02’ 30’’ N
      07° 38’ 59’’ O
Veräin FC Torino (1963-1990 an duerno nees vun 2006 un)
FC Juventus (1933-1990 an duerno 2006-2011)
Kapazitéit
Sëtzplazen 28 140
Dimensiounen 105 × 68 m

De Stadion ass komplett mat Sëtzplazen ekipéiert.

De Stadion ass 2005 fir d'Olympesch Wanterspiller 2006 restrukturéiert ginn. D'Erëffnungsfeier an d'Schlussfeier goufen do ofgehalen.

Bis 2011 hunn d'Juventus Turin an den FC Torino sech de Stadion gedeelt. Zanter datt d'Juventus en eegene Stadion huet, ass et de Stadion op deem den FC Torino seng Heemspiller zanter 2006 spillt.

De Stadion dréit den Numm zu Éiere vum Grande Torino, sou gouf den FC Turin an den 1940er a 50er genannt. Vun 1942 bis 1949 huet den FC Turin 5-mol hannerteneen d'Meeschterschaft gewonnen. D'Enn vum Grande Torino war d'Fligeraccident vu Superga, wéi de Fliger mat bal der ganzer Ekipp u Bord, op der Kopp Superga erofgefall ass.

Um Spaweck änneren

Commons: Stadio Olimpico di Torino – Biller, Videoen oder Audiodateien