Spuenesch Orthographie

Déi Spuenesch Orthographie baséiert sech op en Alphabet aus 26 Buschtawen vun A - Z an dräi speziell Buschtawen.

VokalerÄnneren

Am Spuenesche gëtt et phoneetesch gesinn nëmme 5 Vokaler: /i/ /u/ /e/ /o/ /a/

DiphthongerÄnneren

Diphthong heescht wann zwéi Vokaler eng Silb bilden.

  • Hallef-Vokal: e staark betounte Vokal (a, e, o) mat engem schwaach betountem atoneschem Vokal (i, u); z. B.: aire (Loft); reina (Kinnigin), deuda (Schold).
  • Hallef-Konsonant: e schwaach betounten atonesche Vokal (i, u) mat engem staark betountem Vokal (a, e, o); z. B. piano (Piano), fiel (tréi), antiguo (antik).
  • e schwaach betounten atonesche Vokal (i, u) mat engem anerem schwaach betounten toneschem Vokal; z. B. ruido (Kaméidi).

TriphthongerÄnneren

Triphthong heescht wann dräi Vokaler eng Silb bilden. Si bestinn aus engem Hallef-Konsonant (i/y, u) + e staark betounten tonesche Vokal + engem Hallef-Vokal (i, u); z. B. limpiais (dir botzt).

KonsonantenÄnneren

Am Spuenesche gëtt et just eng eenzeg richteg Verdueblung vu Konsonanten, an zwar den rr. Al déi aner Wierder wou zwéi Konsonante virkommen, bestinn aus zwou Silben (z. B.: ac-ción).

D'Buschtawekombinatiounen ch an ll gëllen am spueneschen als charakteristesche Laut a ginn dohier, genee wéi den ñ, als eegestänneg Buschtawen am Alphabet matgefouert.

Grondreegele vun der OrthographieÄnneren

Bis op e puer Ausname gëtt d'Spuenescht geschriwwe wéi et ausgeschwat gëtt.

  • b a v ginn d'selwecht ausgeschwat
  • g a j ginn virum 'e' an 'i' d'selwecht ausgeschwat
  • den h gëtt guer net ausgeschwat
  • den ll an den y ginn och bal d'selwecht ausgeschwat

No engem Punkt, um Ufank vun engem Saz, Eegennimm an offiziell Nimm gi grouss geschriwwen, soss gëtt meeschtens alles kleng geschriwwen.

Ausruffzeechen a Froenzeechen ginn am Ufank vun der Fro oder dem Ausruffsaz och nach den ëmgedréinte Wee gesat:

¡Hola! oder ¿Cómo estás?

Deemno mat wat fir engem Vokal de Laut zesummekënnt, gëtt et anescht geschriwwen:

  • den th - Laut gëtt virun -a, -o, -u mat z geschriwwen a virun -e, -i mat c (cero, zumo)
  • de k - Laut kënnt, ausser a Friemwierder, guer net am Spueneschen vir. Et gëtt virun -a, -o, -u mat c geschriwwen a virun -e, -i mat qu (casa, queso)
  • en i deen net betount gëtt, gëtt ëmmer zu engem y (caigo, cayó)