D'Sproochaktiounstheorie ass eng Theorie um Gebitt vun der Sproochphilosophie, déi seet datt mam Geschwaten net nëmme Tatsaache feststellt ginn, mä datt duerch d'Schwätzen u sech och ka gehandelt ginn. Dat Geschwatent huet also en direkten Afloss op d'Ëmwelt. Doraus resultéiert, datt eng Ausso net nëmme richteg oder falsch ka sinn, mä, am Bezuch op d'Handlung déi se duerstellt, och kann erfollegräich sinn oder net. Beispill: Wann de Buergermeeschter seet: "Ech erklären Iech zu Mann a Fra", dann existéiert d'Bestietnes duerch déi Ausso.

D'Sproochaktiounstheorie ass an den 1950er Jore vum John Langshaw Austin entwéckelt an duerno vu sengem Schüler John Searle weiderentwéckelt ginn

Spriechakten änneren

Dem Austin senger Theorie no loosse sech véier Akten ënnerscheeden, déi gläichzäiteg geschéien:

  • Lokutioun oder de grammatesche Sazbau: fir datt d'Ausso erfollegräich ass muss se grammatesch richteg sinn
  • Propositioun oder den Inhalt vun der Ausso: fir datt d'Ausso erfollegräich muss e ass semantesch richteg sinn
  • Illokutioun oder d'Intentioun vun deem, dee schwätzt: fir datt d'Ausso erfollegräich ass muss se gegléckt sinn
  • Perlokutioun oder d'Wierkung, déi deen, dee schwätzt wëll beim Empfänger erreechen: fir datt d'Ausso erfollegräich ass muss se vum Empfänger verstane ginn

Klassifikatioun vun de Sproochaktiounen änneren

Dem Austin no änneren

Den Austin huet am Ufank eng relativ einfach Andeelung vun de Sproochaktioune proposéiert:[1]

  • konstativ: eng Feststellung maachen, z. B. "Haut huet et de ganzen Dag gereent"
  • performativ: duerch d'Schwätzen handelen, eppes beim Empfänger bewierken, z. B. "Ech vertrauen dir"

Dem Searle änneren

Déi méi eng elaboréiert Klassifikatioun vum Searle gebraucht 5 Klassen:[1]

Representativ/Assertiv behaapten, matdeelen, beriichten Deen, dee schwätzt, mécht eng Ausso opgrond vu sengem Wëssen oder Glawen. Di ka richteg oder falsch sinn.
Direktiv ufroen, befielen, uroden Deen, dee schwätzt, riicht eng Fuerderung un den Empfänger a wëllt d'Welt a sengem Sënn veränneren.
Kommissiv verspriechen, vereinbaren, ubidden, dreeën Deen, dee schwätzt, verflicht sech selwer zu enger zukënfteger Handlung.
Expressiv merci soen, begréissen, felicitéieren, kloen Deen, dee schwätzt, dréckt seng psychesch Astellung aus, fir sozial Kontakter z'etabléieren an oprecht z'erhalen.
Deklarativ ernennen, entloossen, deefen Deen, dee schwätzt huet, an engem bestëmmten institutionelle Kader, Muecht.

Literatur änneren

  • John Langshaw Austin: How to Do Things with Words. Cambridge (Mass.) 1962; op Däitsch Zur Theorie der Sprechakte. Stuttgart 1972; op Franséisch Quand dire c'est faire.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Technische Universität Berlin: Sprechakte