De Spéngelskrich war eng vun den éischten Episode vun der lëtzebuergescher passiver Resistenz géint d'Besatzung vum Drëtte Räich zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich.

Wéi de Gauleiter Simon Chef zu Lëtzebuerg gouf, waren d'Fräiheetsbeem déi 1939 fir déi honnertjäreg Onofhängegkeet geplanzt gi waren him een Dar am A, an et goufen der en ettlech liquidéiert. D'Gesetz iwwer de Gebrauch vun der Sprooch, an d'Ophänke vu Fotoe vum Hitler an de Klassesäll an op aneren ëffentleche Plazen hunn zu Protester an der Lëtzebuerger Bevëlkerung gefouert. Wéi d'Membere vun der VdB a vun der NSDAP dunn hir Memberschaft mat blénke Spéngelen um Revers vun hire Paltongen ëffentlech gemaach hunn, hunn d'Patrioten dat och gemaach, an zwar mat selwer fabrizéierte Spéngelen, déi se aus Mënzen op deenen d'Groussherzogin Charlotte ofgebilt war, bestanen hunn.

Et ware besonnesch Studenten aus dem Stater Kolléisch déi an der éischter Protestlinn stounge wéi d'Gëlle Fra ewechgerappt gouf. Wéinst dem Widderstand deen d'Studente geleescht hu goufe 60 Schüler aus dem Dikrecher Kolléisch vun der Schoul verwisen. 94 Bouwen a 60 Meedercher aus den Escher Lycéeë goufen an Däitschland a Schulungslager deportéiert.

Duerno huet d'Resistenz sech ëmmer méi organiséiert, an d'Historiker schätzen datt eng ronn 10.000 Lëtzebuerger am passiven an aktiven organiséierte Widderstand bedeelegt waren. Eng ronn 400 jonk Lëtzebuerger waren, sief et am franséische Maquis, an der FFI oder an der Belsch an der Armée blanche.[1]

Referenzen änneren

  1. Quell:Carlo Müller, histoprim.ce.lu