Sozialliberal Partei Lëtzebuerg


D'Sozialliberal Partei Lëtzebuerg (SLPL) ass eng lëtzebuergesch Partei, déi den 30 Juni 2018 zu Esch-Uelzecht gegrënnt gouf[1]. Zil vun der Partei ass Fräiheet a Gläichberechtegung fir all Bierger esou wéi eng vernënfteg, sachlech, analytesch, humanistesch, liberal a fortschrëttlech Politik woubäi och d'Erhale vun der Ëmwelt an Nohaltegkeet eng grouss Roll huet.

Sozialliberal Partei Lëtzebuerg
Ofkierzung SLPL
Nationalpresident Ronald Mordiconi
Vizepresident Jim Weiland
Generalsekretär Isidore Ramos
Generalkeessjee Brenda Mordiconi
Gegrënnt 30. Juni 2018
Jugendorganisatioun Sozialliberal Jonk Lëtzebuerg (SLJ)
Fraenorganisatioun Sozialliberal Fraen Lëtzebuerg (SLF)
Ideologie Liberal Politik
Politesch Positioun Sozialliberal
Faarwen Turquoise, Sandgiel a Mof
Slogan Eng liberal Äntwert op eng sozial Fro
Websäit
sozialliberal.lu

De Grondsteen an d'Iddi fir eng Sozialliberal Partei a Lëtzebuerg ze grënnen hat de Ronald Mordiconi, wéi hien den 20. Juni 2018 offiziell aus der FÖDP (Fräi Ökologesch Demokratesch Partei) wéinst Meenungsdifferenzen ausgetrueden ass.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Statute vun der Partei