Soubrette
Soubrette ass en Ausdrock deen am Theater, an der komescher Oper an an der Operett gebraucht gëtt fir d'Roll an d'Stëmm vu luussegen, affektéierte Botzmeedercher oder manieréierten Zëmmermeedercher ze beschreiwen.
Et ass e franséischen Ausdrock mat laténgeschen Originnen; "superare", eppes dat driwwer steet. D'Bünepresenz geet bis op d'Commedia dell'arte zeréck.
An der Oper gëtt déi Roll vu Sopranistinne mat enger liichter Stëmm virgedroen.
Typesch Beispiller an der Oper
änneren- D'Anna an Die lustigen Weiber von Windsor vum Otto Nicolai
- D'Gretchen am Albert Lortzing senger komescher Oper Der Wildschütz
- D'Esmeralda an der Prodaná nevěsta Die verkaufte Braut vum Smetana
- D'Papagena am Mozart senger Oper Die Zauberflöte.
Typesch Soubrette-Operetterollen
änneren- Déi pontevedrinesch Botschafterfra Valencienne an der Die lustige Witwe vum Franz Lehár
- Am Carl Zeller senger Der Vogelhändler d'Roll vun der Christel "Ich bin die Christel von der Post"
- An der La Grande-Duchesse de Gérolstein vum Jacques Offenbach d'Roll vun der Wanda
- D'Roll vun der Margot am Karl Millöcker senger Die Dubarry