D'Sophie Friederike Mathilde Prinzessin vu Württemberg, gebuer de 17. Juni 1818 zu Stuttgart a gestuerwen den 3. Juni 1877 zu Huis ten Bosch, war als éischt Fra vum hollännesche Kinnek Wëllem III. vun 1849 bis 1877 Kinnigin vun Holland a Groussherzogin vu Lëtzebuerg.

Sophie vu Württemberg
Gebuer 17. Juni 1818
Stuttgart
Gestuerwen 3. Juni 1877
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Konschtsammler, Mäzen
Famill
Bestuet mat Wëllem III. vun Holland

Si war d'Duechter vum Wilhelm I. vu Württemberg an der russescher Groussfürstin Katharina Pawlowna, ass awer vun hirer Tatta groussgezillt ginn, well hir Mamm kuerz no hirer Gebuert gestuerwe war.

Den 18. Juni 1839 huet si zu Stuttgart hire Koseng Wilhelm, Prënz vun Oranien, bestuet. Si kruten 3 Jongen, déi all virun hirem Papp gestuerwe sinn. De Stot huet als onglécklech gegollt, an d'Sophie huet vill Zäit bei hirer Famill zu Stuttgart verbruecht.

D'Sophie stoung am reegelméissege Bréifkontakt mat Staatscheffen an anere bekannte Leit vun hirer Zäit.

Kanner änneren

  • Wilhelm (* 4. September 1840; † 11. Juni 1879), Krounprënz vun Holland 1849-1879;
  • Moritz (* 15. September 1843; † 4. Juni 1850), Prënz vun Oranien-Nassau;
  • Alexander (* 25. August 1851; † 21. Juni 1884), Krounprënz vun Holland 1879-1884.

Um Spaweck änneren

Commons: Sophie vu Württemberg – Biller, Videoen oder Audiodateien