Sophie de Ségur
D'Gräfin Sophie de Ségur, gebuer den 1. August 1799 zu St. Petersburg, a gestuerwen den 9. Februar 1874 zu Paräis, mam Meederchersnumm Sofia Fjodorowna Rostoptschina (Софья Фёдоровна Ростопчина), war eng franséisch Schrëftstellerin.
Sophie de Ségur | |
---|---|
Gebuertsnumm | Софья Фёдоровна Ростопчина |
Gebuer |
1. August 1799 Sankt Péitersbuerg |
Gestuerwen |
9. Februar 1874 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Kannerbuchauteur, Schrëftsteller |
Famill | |
Kanner | Edgar de Ségur-Lamoignon |
Si war d'Duechter vum russesche Generol a Minister Fjodor Wassiljewitsch Rostoptschin. 1817 ass si mat hirer Famill a Frankrâich geplënnert, wou se 1819 de Comte Eugène de Ségur bestuet huet.
1856 huet si ugefaangen, Romaner ze publizéieren. Si ass virun allem bekannt fir hir Kannerbicher Mémoires d'un âne, Nouveaux Contes de fées, a Les Malheurs de Sophie.
Komplett Wierk
änneren- Œuvre Romanesque de la Comtesse de Ségur, née Rostopchine, complet en 20 volumes. Avec illustrations. Genève, Édito Service - Jean-Jacques Pauvert, o.J.. Reproduction de l'édition de la Bibliothèque rose illustrée du XIXe siècle.
Um Spaweck
ännerenCommons: Sophie Rostopchine, Comtesse de Ségur – Biller, Videoen oder Audiodateien |